Jo, an der Woch hu mir e Menu du jour a mir hunn och eng Kaart mat e puer waarme Platen. – Perfekt. Da géing ech gär en Dësch reservéieren.

(en) Yes, during the week we have a menu of the day and we also have a card with a few hot dishes. - Perfect. I would like to book a table.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Mir sinn elo owes méi laang op: vu méindes bis donneschdes net méi just bis sechs Auer, mä bis siwen. Freides hu mir souguer nach méi laang op, an zwar bis aacht Auer.

(en) We are now open later in the evenings: from Monday to Thursday, no longer just until six o'clock, but until seven. On Fridays, we are even open longer, until eight o'clock.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Ou? Wou ass dann hei eng Estheticienne? – Direkt hei bei der Apdikt. An du, wat méchs du haut? – Ech gi Kaddoe kafen. Mäi Mann a meng Schwëster hunn d’nächst Woch Gebuertsdag.

(en) Where? Where is a beautician around here? - Right here next to the pharmacy. And you, what are you doing today? - I’m buying gifts. My husband and my sister have their birthdays next week.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Direkt bei der Gëlle Fra ass d’Entrée vun de Kasematten. Dat sinn Tunnellen ënnert der Stad Lëtzebuerg, déi zesummen ongeféier 20 Kilometer laang sinn. D’Kasematte sinn am Fréijoer an am Summer fir Visitten op. Dat ass interessant an dat gi mir elo kucken!

(en) Right next to the Gëlle Fra is the entrance to the Casemates. These are tunnels under Luxembourg City that are about 20 kilometers long in total. The Casemates are open for visits in the spring and summer. It's interesting, and we're going to check it out now!

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Um 4 Auer hunn ech do Rendez-vous. Ech mengen, fir an d’Bibliothéik bleift keng Zäit méi. Dat ass net schlemm, da maachen ech dat d’nächst Kéier.

(en) I have an appointment there at 4 PM. I don’t think I’ll have time to go to the library. That’s not a problem, I’ll do that next time.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Samschdes ass vun aacht bis sechs op a sonndes kënnt Dir vun aacht bis eng bei eis akafe kommen. Kommt laanscht, mir hunn dës Woch super Promotiounen, zum Beispill …

(en) On Saturdays, we are open from eight to six, and on Sundays, you can shop with us from eight to one. Come by, we have great promotions this week, for example ...

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Hues du schonn eng Iddi? – Jo, ech ginn elo fir d’éischt an de Bicherbuttek e Buch iwwert Fotografie fir de Laurent kafen, an da ginn ech an d’Parfümerie. Do fannen ech bestëmmt eppes fir meng Schwëster.

(en) Do you already have an idea? - Yes, I’ll first go to the bookstore to buy a book on photography for Laurent, and then I’ll go to the perfumery. I’ll definitely find something for my sister there.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

No der Visitt vun de Kasematte maache mir eng kleng Paus a mir ginn op d’Plëss eppes drénken. Den offiziellen Numm vun der Plëss ass Place d’Armes. Do si vill Caféen a Restaurante mat Terrassen an et sinn ëmmer vill Leit do. Um Kiosk an der Mëtt vun der Plaz sinn am Summer vill Concerten.

(en) After visiting the Casemates, we’ll take a short break and go to the Plëss for a drink. The official name of the Plëss is Place d'Armes. There are many cafés and restaurants with terraces, and there are always a lot of people. At the kiosk in the middle of the square, there are many concerts during the summer.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Den Zuch an Direktioun Tréier huet zéng Minutte Verspéidung. E kënnt net, wéi virgesinn, um 12 Auer 35, mä um 12 Auer 45 un. Entschëllegt wannechgelift de Retard.

(en) The train in the direction of Trier is ten minutes late. He does not arrive, as planned, at 12:35, but at 12:45. Please excuse the delay.

🎧 0📋 00Audio credits: INL