Den Depart vum Tour ass bei der Gëlle Fra. D’Gëlle Fra ass e Monument fir déi lëtzebuergesch Zaldoten, déi am 1. Weltkrich gestuerwe sinn. Si ass 21 Meter héich a steet op der Constitutiounsplaz. Vun do huet een eng schéi Vue op de Péitruss-dall.

(en) The tour starts at the Gëlle Fra. The Gëlle Fra is a monument to the Luxembourgish soldiers who died in World War I. It is 21 meters tall and stands on Constitution Square. From there, you have a beautiful view of the Pétrusse Valley.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Direkt bei der Gëlle Fra ass d’Entrée vun de Kasematten. Dat sinn Tunnellen ënnert der Stad Lëtzebuerg, déi zesummen ongeféier 20 Kilometer laang sinn. D’Kasematte sinn am Fréijoer an am Summer fir Visitten op. Dat ass interessant an dat gi mir elo kucken!

(en) Right next to the Gëlle Fra is the entrance to the Casemates. These are tunnels under Luxembourg City that are about 20 kilometers long in total. The Casemates are open for visits in the spring and summer. It's interesting, and we're going to check it out now!

🎧 0📋 00Audio credits: INL

No der Visitt vun de Kasematte maache mir eng kleng Paus a mir ginn op d’Plëss eppes drénken. Den offiziellen Numm vun der Plëss ass Place d’Armes. Do si vill Caféen a Restaurante mat Terrassen an et sinn ëmmer vill Leit do. Um Kiosk an der Mëtt vun der Plaz sinn am Summer vill Concerten.

(en) After visiting the Casemates, we’ll take a short break and go to the Plëss for a drink. The official name of the Plëss is Place d'Armes. There are many cafés and restaurants with terraces, and there are always a lot of people. At the kiosk in the middle of the square, there are many concerts during the summer.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Vun der Plëss gi mir op de Knuedler. Do ass den Touristebüro, d’Gemeng an eng Statu vum Wëllem II. op engem Päerd. Den offiziellen Numm vun der Plaz ass Place Guillaume II. Hei ass mëttwochs a samschdes vu 7 bis 14 Auer Maart.

(en) From the Plëss, we go to the Knuedler. There you’ll find the tourist office, the town hall, and a statue of William II on a horse. The official name of the square is Place Guillaume II. Here, a market is held every Wednesday and Saturday from 7 a.m. to 2 p.m.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Vum Knuedler brauche mir just eng Minutt bis bei de Palais. Dat ass dem Grand-Duc seng Residenz an der Stad. D’Architektur ass am Renaissancestil an am Barockstil. Mir hu kee Rendez-vous fir eng Visitt, dofir kucke mir de Palais just vu baussen. Riets vum Palais ass d’Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament.

(en) From the Knuedler, it takes us just a minute to reach the Palace. This is the residence of the Grand Duke in the city. The architecture is in Renaissance and Baroque styles. We don’t have an appointment for a visit, so we’ll just look at the Palace from the outside. To the right of the Palace is the Chamber, the Luxembourgish Parliament.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

Duerno maache mir de Wenzeltour. Dat ass en Tour duerch d’Alstad vu Lëtzebuerg. Mir gesinn d’Ruine vun der Festung an op de Panneaue kréie mir interessant Informatiounen iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg. Den Tour dauert ongeféier 100 Minutten an hält am Gronn op.

(en) Afterward, we’ll take the Wenzel Tour. This is a tour through Luxembourg's old town. We’ll see the ruins of the fortress, and on the information boards, we’ll learn interesting facts about the history of Luxembourg. The tour takes about 100 minutes and ends in the Grund.

🎧 0📋 00Audio credits: INL

De Gronn ass eis lescht Etapp. Et ass e ganz populäre Quartier vun der Stad. Et gi vill Bistroen an am Summer kann ee relax op enger Terrass beim Waasser sëtzen. E klenge Floss, d’Uelzecht, fléisst duerch de Gronn.

(en) The Grund is our last stop. It’s a very popular district of the city. There are many bistros, and in summer, you can relax on a terrace by the water. A small river, the Alzette, flows through the Grund.

🎧 0📋 00Audio credits: INL