Kuckt d’Biller a lauschtert. Nummeréiert d’Zeenen.

(en) Look at the pictures and listen. Number the scenes.

De Julien huet all seng Kolleegen op eng Party invitéiert.

(en) Julien invited all his colleagues to a party.

Hie feiert seng 30 Joer.

(en) He celebrates his 30 years.

Den Tom kritt haut 8 Joer. Hie kritt vill Kaddoen.

(en) Tom turns 8 today. He receives many gifts.

De Luca hat gëschter Gebuertsdag an ass nach ganz midd.

(en) Luca had his birthday yesterday and is still very tired.

Hien ass elo 18 Joer al.

(en) He is now 18 years old.

D’Susanne an de Jos feieren haut hir 70 Joer.

(en) Susanne and Jos are celebrating today their 70th birthday.

D’ganz Famill ass an de Restaurant invitéiert.

(en) The whole family is invited to the restaurant.