Wat feelt? Lauschtert a fëllt aus.

(en) What's missing? Listen and fill in.

E Joer huet 365 oder 366 Deeg.

(en) A year has 365 or 366 days.

E Joer huet 4 Joreszäiten. All Joreszäit huet 3 Méint.

(en) A year has 4 seasons. Each season has 3 months.

D’Fréijoer ass vu Mäerz bis Juni.

(en) Spring is from March to June.

De Summer ass vu Juni bis September.

(en) Summer is from June to September.

Den Hierscht ass vu September bis Dezember.

(en) Autumn is from September to December.

De Wanter ass vun Dezember bis Mäerz.

(en) Winter is from December to March.

E Joer huet 12 Méint. Si heesche Januar, Februar, Mäerz, Abrëll, Mee, Juni, Juli, August, September, Oktober, November, Dezember.

(en) A year has 12 months. They are called January, February, March, April, May, June, July, August, September, October, November, December.

E Mount huet och 4 Wochen an eng Woch huet 7 Deeg. Si heesche Méindeg, Dënschdeg, Mëttwoch, Donneschdeg, Freideg, Samschdeg a Sonndeg.

(en) A month also has 4 weeks and a week has 7 days. They are called Monday, Tuesday, Wednesday, Thursday, Friday, Saturday and Sunday.